22. Sep, 2015

Flüchtlingen, Frankophonie a Paperjam-Lobby

 

Firwaat sollen déi syresch Flüchtlingen als éischt franséisch léieren, wéi d'Madame Cahen am "Paperjam" mengt?

Am LW steet dann en Artikel op Däitsch iwwert d'Integratioun op Franséisch!

An engem Land, wou d'Unterrichts-Sproch däitsch as? An d'Grondsproch, Lëtzebuergesch, eng däitsch Mondart? An dann soll d'Integratioun op Franséisch erfollegen? As daat, fir hinnen déi wierklech Integratioun, an a mat Lëtzebuerg, nach méi schwéier ze maachen?

De Flüchtlingen hier Kanner léieren an der Spillschoul an an der Primärschoul all Fach op däitsch oder lëtzebuergesch. D’Elteren, déi keng vun denen Sproochen verstinn, kënnen hiire Kanner nët hëllefen. Mee si solle franséisch léieren? Erklärt dach een mir déi Logik!

Oder as dat elo, nom Referendum, eng Gelegenheet, fir eng paralell Alphabetiséierung op franséisch géint de Wëllen vum baal ganzen Vollek duerchzedrëcken?

Alleguer d'Kanner, déi an d'Schoul kommen, schwätzen lëtzebuergesch ënnereneen, och ons kleng Portugiesen. Et as déi gemeinsam Sproch, vun der "Précoce" un.
D'Flüchtlingen kommen vun Däitschland eriwwer, wou se zum Deel Famillien a Frënn hun. An hei sin se zu Lëtzebuerg, an nët am Frankräich! Duerhin wëllen se och nët, et pour cause! Franséisch léiere mir hei schon vum 2ten Schouljoer un. An dann bis zum Alter vun 18 Joer. Geet daat nët duer?

Franséisch fir d'éischt, fir dat d'Madame Cahen an déi reschtlech Paperjam-Akteuren se verstinn? Den Här Noppeney wollt d'Lëtzebuerger Sprooch schon emol ausradéieren...

Woubäi ee wëssen sollt, dat daat frankophont Paperjam alles aanëscht ewéi onoofhängeg as, mee ganz einfach als Aushänkschëld vun der "Geschäftswelt" gesponsert as. Genau esou wéi ons Regierungsmemberen, an e sou muench "dëcke" Beamten, mat der Privatwirtschaft verbandelt sin.

Mat dem "normalen" Lëtzebuerger Bierger hun déi Leit guer näischt ze dinn an och näischt um Hutt. Mir hun se gewielt, an onser Naïvitéit, haapsächlech, well keng aaner do sin. D'Beamten hun mer guer nët gewielt, an hun och keen Afloss op se.

D'Laag vun der Natioun? E Premier, dem säi Mann kee Lëtzebuergesch kann, den en reliounsfreien Unterricht duerchdrëcke wëllt, zesummen mat sengen Apësperer vun der AHA, den awer de Popst besiche geet an em zynëscherweis d'Bichelchen vum Ex-Generalvikar Erny Gillen schenkt, e Schoulminister, kompetent oder nët, den sech um Rëck vun de Schüler mat Schoul- Ethik- an Religiounslehrer uleed a vollkommen berodungsresistent as, e Wirtschaftsminister den Rolls-Royce fiirt, dem säin Gegenwert wahrscheinlech an de Staatssäckelchen gehéire géif, greng Ministeren, déi der Wirtschaft genau esou noo stinn.

Nu je, et hëlleft näischt, sie kënnen, wéi onsen Ausseminister emol eng Kéier öffentlech soot, "elo wou se gewielt sin, maachen, waat se wëllen" (sic!).

Ganz vill RTL a ganz vill "Chambre de Commerce", ouni grouss Konzepter, mat vill Sënn fir Wirtschaft, Wuestem a Gewënn. Fir sech selwer, natiirlech. Mir einfach Bierger gin op Spuerflaam gesaat, no bäschter neo-liberaler Ausbeidelungspolitik.

An dann soll Alles och nach op franséisch goen? Geest de wuel…!
Daat as d'Elite, déi ons regéiert, well mer hinnen, onglëcklecherweis an ouni ze wëllen, eng Majoritéit gin hun.